Encyclopedie
Kinneksbond, Centre Culturel Mamer - Auditoire (Mamer)
Display mapKann aus Danz e Spill mat de Wierder ginn?
Bei Encyclopedie geschitt genee dat. Op der Bün stinn zwou Kënschtlerinnen: Déi eng danzt an déi aner erzielt, wat se gesäit. Mee heiansdo gi Wierder net duer, fir e Mouvement ze beschreiwen – also erfannen se eppes, verdréinen de Sënn, iwwerdreiwen oder verieren sech reegelrecht. Lues a lues entsteet esou e lëschtegen an iwwerraschenden Decalage tëscht deem, wat een erbléckt an deem, wat een héiert.
Nodeems d‘Nicole Seiler 2021 Amateurdänzer·Innen invitéiert huet, hirer Passioun an de Fënstere vu Mamer Wunnenge fräie Laf ze loossen, huet si 2024 e Spektakel kreéiert, an deem eng kënschtlech Intelligenz dem William Cardoso an der Anne-Mareike Hess eng choreografesch Partitur diktéiert huet. Elo kënnt déi Schwäizer Artistin mat engem neien, eenzegaartege Konzept zeréck an de Kinneksbond: Zesumme mam Anne-Mareike Hess a Simone Mousset bréngt si eng lieweg Encyclopedie, an där all Beweegung 1001 Geschichten erziele kann, a Lëtzebuerger Sprooch op d‘Bün. En originelle Wee fir et Kleng a Grouss ze erméiglechen, eng ganz einfach Fro op eng spilleresch Aart a Weis ze beäntwerten: Firwat kann dat selwecht Stéck ënnerschiddlech beweegen, ameséieren, erstaunen oder faszinéieren?