Kichegerabbels

Kinneksbond, Centre Culturel Mamer - Grande Salle (Mamer)

Plan anzeigen

Eng musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel fir Kanner tëschent 6 an 10 Joer.

Nu kuck, an op eemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn!

Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitase schwieft e klengt Zockerdëppchen duerch eng fantastesch Welt: Nëssknacker, déi danzen, Jellis-Téikäpp, déi am Däischtere liichten … et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen tockskäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen …

Kichegerabbels verbënnt d’Wierk La Revue de Cuisine vum Bohuslav Martinů mat Objetstheater an Erzielung a weist op spilleresch a visuell Aart a Weis, wéi d’Kiche kann zur Bün ginn. Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op Géigestänn, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken.

Fir dëse Spektakel fir jiddereen zougänglech ze maachen, kënnen d’Schoulvirstellungen op Ufro als „relaxed performance“ ugebuede ginn. Dëst Format schaaft e labberen an entspaante Kader, deen sech besonnesch fir Mënsche mat Handicap, neurodivergent Persounen a Leit, déi Konzentratiounsschwieregkeeten, Angscht oder chronesch Péng hunn, eegent. Fir weider Informatiounen a Froen dozou, kënnt Dir eis gäre kontaktéieren.

Wählen Sie Ihren Termin aus
Donnerstag10Juni 202708:45 bis 09:35
Donnerstag10Juni 202710:45 bis 11:35
Freitag11Juni 202710:00 bis 10:50
Freitag11Juni 202714:30 bis 15:20